Administration
Ateliers
Atelier KlimBim
Botzkëscht
Atelier Déco
Eis Servicer
Den Service „Comptabilitéit“
Den Service „Comptabilitéit“ beim Cigr Witz Plus ass zoustänneg fir Facturatiounen an Comptabilitéit vun dem ganzen CIGR. Hei schaffen 2 Léit déi hier Büroen am Kaufmann’s Haus zu Wooltz hunn.
Dësen Service huet sech en Reseau opgebaut mat all den Partner vum CIGR, Fournisseur, Client, Gemenge etc. , fir eben kënnen op all Ufro, Kontroll, Obligatioun oder och nach Reklamatioun kënnen ze reagéieren esou wéi natierlech duerch déi eenzel Partenariat déi lokal an regional Ekonomie aktiv mat unzedreiwen.
E Suivi, Kontroll an e Bilan gëtt all Joer an Zesummenaarbecht mat der Fiduciaire gemaach. Een obligatoresch internen Kontroll gëtt vum agreéierten onofhängegen Expert „Reviseur d’Entreprise“ duerchgefouert.
Den Service „Sekretariat“
Den Service „Sekretariat“ ass den éischten Kontakt an Uspriechpartner wann dir bei den CIGR urufft – hei kritt dir eng éischt Äntwert, gitt weidergeleet oder är Ufroen an Reklamatiounen ginn entgéint geholl.
Dësen Service ass awer och méi, well duerch en Kontakt iwwert Joren mat den Clienten an Partner um Telefon ass dësen Service méi wéi nëmmen en „Anrufbeantworter“ – mee e Verbindungsstéck tëscht dem CIGR an den Clienten, de Partner souwéi och oft eng Hëllef an eben en „Kollege“, deen een schonn’s laang kennt an deen do ass, wann een en brauch.
Den Service „Salaire“
Den Service „Salaire“ huet an senger Funktioun, esou wéi den Numm et seet, Responsabilitéit vun den Paie maachen. Dozou gehéiert awer och den Administrativen Suivi vun den eenzelen Léit déi am CIGR schaffen, esou wéi den intensiven Austausch mam Aarbechtsministère an Aarbechtsamt wat den ganzen Volet vun den Obligatiounen laut Konventioun mat hinnen ugeet.
Den Service „Technik“
Den Service „Technik“ ass zoustännëg fir d’Encadrement vun de Mataarbechter, d‘ Organisatioun an d’Aarbecht um Terrain.
Se sinn déi Léit déi am stännëgen Kontakt sinn mat den Clienten vum Noperschaftsdengscht esou wéi den eenzelen Gemengeresponsabelen um Terrain.
Dësen Service besteet aus engem Haaptresponsabelen deen den Service koordinéiert an superviséiert.
Et ass eng enk Zesummenaarbecht mat de Servicer „Sekretariat“ „Comptabilitéit“ an „Salaire“, well se zesummen zoustänneg sinn fir déi alldeeglechen Ufroën, déi geschafften Aarbechtsstonnen an Verrechnungen fir déi fäerdeg geleeschten Aarbechten bei de Clienten.
Den Service „Formatioun“
Den Service „Formatioun“ ass zoustänneg fir den „Formatiounsprogramm“ vun den eenzelen Mataarbechter esou wéi dem sozialen Suivi deen gefrot gëtt vum Aarbechtsministère. Zou sengen Aarbechten gehéieren esouwuel Eenzelgespréicher, d’Organiséieren vun den Formatiounen bis hin zou der Prestatioun vun Formatiounen.
Och do ass Zesummenaarbecht tëscht den eenzelen Servicer gefrot fir esouwuel dem Aarbechter, wéi och dem Patron an den Obligatiounen vun den eenzelen Institutiounen gerecht ze ginn.